D’Stad Déifferdeng setzt e Pilotprojet ëm fir d’mobilitéitsbedéngten CO2-Emissiounen ze reduzéieren a fängt un mat de Mataarbechter vun der Gemengeverwaltung. MobiDiff genannt, baséiert en op den Survcoin, eng alternativ Währung, déi als Belounung fir bewährten Efforte fir den Carbon-Ofrock ze reduzéieren. D'Zil ass et, d'Mataarbechter vun der Déifferdenger Administratioun (+/- 800 Leit) ze encouragéieren d'Mobilitéit douce virzezéien, sief et zu Fouss, mam Vëlo, mam Zuch oder mam Bus fir deeglech Reesen vun doheem op d'Aarbecht an zeréck ze maachen.
D'Employéeën déi d'accord sin fir matzemaachen, ginn an Survcoins belount op der Basis vun hirem individuellen Bäitrag fir d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren. D'Haaptzil vum Projet ass d'Benotzung vun der doucer Mobilitéit bei de Mataarbechter fir hir Pendelreesen ze erhéijen, fir déi héich Emissiounen déi duerch d'Benotzung vu Privatautoen entstinn, an d'Stauen ze reduzéieren. D’Gemeng zielt och op de positiven Impakt op d’Gesondheet vun enger Erhéijung vun der aktiver Mobilitéit.
D'Benotzer kënnen d'Survcoin, di se verdéngt hunn an an hirem elektronesche Portemonnaie gesammelt hunn a lokalen Geschäfter ausginn, déi Partner vum Projet sinn: Bio Liewensmëttelprodukter, Kaffi oder Sandwichen an Caféen di matmaachen, Blummen, Planzen, Kleeder, Vëlo-Ënnerhalt ...
D'Gemeng Déifferdeng ënnerstëtzt dësen Decarboniséierungs-Loop andeem se d'Geschäftsläit rembourséiert déi beim Pilot matmaachen. Dës Belounungen stellen e reellen Ureiz duer fir zu Fouss ze goen, den Vëlo oder den ëffentlechen Transport fir engem seng deeglech Deplacementer ze adoptéieren. Doriwwer eraus plangt de Pilotprojet d'MobiDiff-Benotzer ze encouragéieren, laangfristeg klimafrëndlech Verhalen ze adoptéieren mat Animatiounen (Concouren, Challengen an aner spilleresch Szenarien) déi op d'Reduktioun vun den Treibhausgasemissiounen ausgeriicht sin. Domat soll MobiDiff eng Communautéit ginn, déi sech fir de Klima asetzt.
D’Initiativ vun der Gemeng Déifferdeng, der drëtter Agglomeratioun vu Lëtzebuerg, fir den Survcoin anzesetzen ass en Deel vun senge Efforen a Punkto Klimaschutz, ënner anerem am Kader vum Klimapakt a vum européieschen Netzerocities-Projet, un deem d'Stad deelhëllt. Et geet och drëms, op d'Problematik vum Parken am Stadzentrum ze réagéieren, besonnescht am Quartier vun der Märei.
Am Moment befënnt sech MobiDiff an der Beta-Phase, mat ongeféier drësseg Benotzer, fir de richtege Fonctionnement vun der Applikatioun ze garantéieren. Mir wäerten an den nächste Méint de Projet op all d'Mataarbechter vun der Gemeng Déifferdeng expandéieren, an schlussendlech op jiddereen deen zu Déifferdeng wunnt, schafft oder studéiert.
Konsultéiert eis MobiDiff-Support-Säit wou Dir Video-Tutoriellen an eis FAQ fannt.